Während der ganzer
Formatioun steet
Mastercraft Iech
als perséinlechen
Partner zur Säit.
Eist gréisst Engagement
gëllt der Zefriddenheet
vum Client.
D'Bedierfnesser vum Client
De Client steet am Mëttelpunkt während der ganzer Formatioun. Mastercraft versicht zu all Zäitpunkt, senge Wënsch am beschten ze entspriechen an optimal u säi Léierzil unzepassen. Den Objektiv vum Cours leeë mir zesumme mam Client während der Prise de contact pédagogique fest.
Mir zwéngen eise Clienten kee Standardprogramm op. Eise Slogan ass : Parce que chaque cours est unique, all Cours ass eenzegaarteg!
Eist Personal
Eis Formateure sinn all Universitären. Mir bevirzuchen Kandidate mat enger gewësser Erfahrung am Enseignement. Doriwwer hinaus muss all Formateur reegelméisseg un eisen interne Workshoppen deelhuelen, am Kader vun der Formation professionnelle continue.
Professionalismus, Motivatioun, Disponibilitéit an Upassungsverméige si just e puer Elementer vun eisem Erfollegsrezept.
Mir schléisse mëttelméisseg forméiert Kandidaten direkt aus a garantéieren eisem Client doduerch de beschten Formateur fir säin individuelle Cours.
Continuitéit
Mat Mastercraft ass all Cours eenzegaarteg. Mir probéieren eis an den Evaluatiounssystem vun der Europäescher Unioun anzeglidderen (Echelle globale du Cadre Européen Commun de Référence pour les langues du Conseil de l'Europe, kuerz CECR), firdatt eise Client genee wees, wou e steet a säi Sproochniveau national an europawäit vergläiche kann. Am Sënn vun der Continuitéit vermeide mir den dackse Wiessel vun eisen Formateuren.
Mir probéieren eist Personal duerch en agréabelt Aarbechtsklima ze fidéliséieren. Dovu profitéiert zum Schluss eise Client !
Struktur
D'Struktur vum Cours leeë mir zesumme mat eise Cliente fest.
Mir schreiwe keen Standardprogramm vir, ma ginn op d'individuell Bedierfnesser vum Client an.
Inhalt
Mir hunn iwwert d'Joren eist eegent Léiermaterial entwéckelt. Domat vermeiden mir, datt op mëttelméisseg Léierbicher zeréckgegraff muss ginn. Eist Material ass modern a gräift Elementer aus der Aktualitéit op. Eis Formateure schaffe vill mat dem Laptop, Videomaterial, asw. fir de Cours méi lieweg ze gestalten.
Eis Course sinn op d'Kommunikatioun ausgeluecht, well nëmmen Exercice maachen net duergeet!
Transparenz an Evaluatioun
Zum Schluss vun all Formatioun, kritt de Client eng détailléiert Evaluatioun vun sengem Sproochniveau, deen hien erreecht huet. Dobäi respektéiere mir d'Echelle vun der Europäescher Unioun (CECR).
D'Diplomen, déi Mastercraft Language Solutions dem Client zum Schluss vun der Formatioun ausstellt, hunn en offizielle Status a si vum Ministère de l'Education Nationale et de la Formation Professionnelle unerkannt.
Feedback
All Client erhält zum Schluss vu senger Formatioun eisen Formulaire d'Evaluatioun, an deem hien eis genee matdeele kann, wéi hien den Cours a senger Globalitéit fonnt huet. Ausserdem kënnen d'Clienten en Kommentar op eiser Internetsäit publizéieren. Transparenz pur! Och eng negativ Kritik ass eng gutt Kritik, well se et eis erlaabt, aus eventuellen Schwaachpunkten ze léieren an et an Zukunft besser ze maachen.
Keen ass perfekt, dat soll awer net heeschen, datt een net probéiere soll, sou gutt wéi méiglech ze sinn.
Eis Präisser
Mastercraft bitt Iech den beschte Präis zur beschter Leeschtung an ass doduerch de Leader am Beräich vum Rapport Qualitéit-Präis zu Lëtzebuerg.
An e puer Wierder
Qualitéitsgarantie
Eis Qualitéitsgarantie an Erfollegsrezept méi Infoen
Formatiounen op Mooss
Verhandelt mat all Ären Geschäftspartner an hirer Mammesprooch méi Infoen
Eis kontaktéieren
Eis Büroe sinn op vu méindes bis donneschdes, vun 9 bis 11.30 Auer a vu 14 bis 18 Auer méi Infoen



